31.10.2025

Stellenangebot

Job Offer(1)

D’Maison du Diabète sicht en/eng Chargé(e) de direction (m,f,d) CDI 40 Stonne/Woch

D’Maison du Diabète vun der Lëtzebuerger Diabeetesassociatioun ALD ass eng Struktur, déi mam Gesondheetsministère konventionéiert ass. Hir Missioun ass et, Persounen, déi mam Diabeetes liewen, souwéi hire Familljen therapeutesch Ënnerstëtzung unzebidden. Als onofhängegen an neutrale Referenzzentrum setzt d’Maison du Diabète sech fir d’Präventioun, d’Versteesdemech an d’optimal Gestioun vum Diabeetes an.

Missiounen:

Koordinatioun an d'Iwwerwaachung vum Berodungsservice fir d’Patienten

Gestioun vum Personal a vum Budget vun der Maison du Diabète

Encadrement vun de benevole Mataarbechter

Ëmsetzung vum strategesche Plang (3 Joer) an vum jäerleche Aktiounsplang

Koordinatioun an Organisatioun vun de Schoulungsprogrammen an Informatiouns- a Sensibiliséierungsaktioune vun der Maison du Diabète

Entwécklung vun innovative Versuergungsweeër an Evaluatioun vum sozialen a gesondheetlechen Impakt

Zesummenaarbecht mat Generalisten a Spezialisten, Spideeler, Diabetes Klinicken an Heembetreiungsnetzwierker (Soins à domicile)

Promotioun vun der Maison du Diabète a Kommunikatioun no baussen

Representatioun vun der Maison du Diabète op nationalem an europäeschem Niveau

Profil:

Bac+5 Formatioun an engem vun de folgende Beräicher: Medezin, Gesondheetsberuffer, Psychologie, Pedagogik, Soziologie, Sozial Kommunikatioun, ...

Fäegkeet an der Leedung vun engem multidisziplinären Team (6-8 Leit)

Verantwortung, Autonomie a Grëndlechkeet bei der Aarbecht

Mënschlech a pedagogesch Kompetenzen an Equippegeescht

Sproochkenntnisser: Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch, all aner Sprooch ass e Virdeel

Gutt redaktionell an administrativ Kompetenzen a Liichtegkeet am ëffentleche Schwätzen

Gutt informatesch Kenntnisser, Kenntnisser an Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien (Gestioun vun engem CMS) sinn e Virdeel

Nieft senger Ausbildung a Beruffserfarung wier et wënschenswäert, datt de Kandidat Wëssen am Beräich vum Diabeetes hätt a, wann néideg, sech engagéiert eng Spezialisatioun an der Betreiung vu Persoune mat Diabeetes ze maachen.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um Tel: 48 53 61

Aart vum Kontrakt:

Onbefristegen Aarbechtskontrakt, no der Kollektivkonventioun SAS (Hëllefs- a Fleegesecteur), baséiert op enger Carrière C7.

D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif & CV) kënne bis spéitstens den 20. November 2025 geschéckt ginn un:

Association Luxembourgeoise du Diabète asbl

143, rue de Mühlenbach

L-2168 Luxembourg

oder per Mail un sylvie.paquet@ald.lu

www.ald.lu

Zurück News

Unser Verein beizutreten bedeutet auch,

unser Handeln zu unterstützen.

Ihre Großzügigkeit und Ihre Unterstützung sind für die Erfüllung unserer Missionen unerlässlich. Die Mitgliedschaft ist ein einfacher und aufrichtiger Akt der Solidarität.

Jetzt Mitglied der ALD werden