20201027 webactualite marche des 10000 pas
14.11.2020

10 000 Schrëtt géint den Zocker

137 Leit hu matgemaach an am Ganzen 212 Tier vun 10 000 Schrëtt (+/- 6km) wärend dem WE gemaach.

700 € si fir de Projet Life for a Child zu Gonschten vun den diabetesche Kanner am Mali gesammelt ginn.

 

22 Participants hunn e Präis an eiser Tombola gewonnen (1 Dagesentrée am Domaine Thermal vu Mondorf fir 2 Persounen, 2 Entréestickets fir an de Centre de détente vun der Coque, 2 Corbeillen vum Cactus, 5 Bicher vun der Librairie Ernster, 5 Rucksäck, 6 Waasserfläschen mat Infuser, 1 Sportsduch)

En FLMP Stempel fir di gewandert Km, an e Stempel vun der Journée mondiale du diabète kann een um Stand vun der FLMP wärend der Chrëschtdagswanderung, den 12. Dezember 2020 an d'Jugendherberg an der Stad kréien.