En Témoignage aus dem Relaxatiouns- a Gespréichsgrupp.
Ech hat mech d’éischt an de Relaxatiounsgrupp ageschriwwen, ech hun do geléiert mech mat Hëllef vun Otemübungen ze entspanen. Elo, nodeems de Cours schon e Strapp eriwwer ass, gebrauchen ech déi Übungen emmer erem wann ech gestresst sin oder owes net schlofe kann… Et hëlleft mer manner gestresst ze sin a mech méi roueg an entspant am Alldag ze spieren.
Am Gespréichsgrupp huet et mer immens gutt gefall, datt ech mech konnt mat anere Leit iwwert Problemer a kleng Tricken aus dem Alldag ennerhalen.
Dat huet mer d’Gefill vermëttelt, datt ech net eleng mat deser Krankheet liewe muss, datt et och nach aner Leit gin. Et as schéin, di verschidde Leit ze gesin, wi se alleguer ob hir Art a Weis mam Zocker liewen, mat all den Héichten an Déiften déi sou eng chronesch Krankheet huet.
Mer hun eis gemeinsam kënnen austauschen, wi mer eis aus Problemsituatiounen erausschaffen. Esou hu mer zum Beispill öfter iwwert eis Kach- an Iessgewunnechten geschwat. Eng liicht Zalotenzooss, d’Iddi owes mol Zalot z’iessen an dofir eng Schmier manner z’iessen…
Mer hun eis och eng Kéier iwwert eis Medikamentebehandlung ennerhalen, do huet eng Kollegin eis erkläert wi hir Medikamenter wierken. Well ech déi selwecht Medikamenter huelen, hun ech doheem mol nach eng Kéier den Ziedel ausgepaak a genau gelies wi se wierken… Seithier huelen ech se zu engem aneren Zeitpunkt. Doduerch, datt ech du lues a lues d’Ziedelcher vun all mengen Medikamenter gelies hun, konnt ech meng Approche zur Behandlung änneren. Et ass elo net méi ee Grapp Pellen, déi ech ofschlécken well den Dokter et gären hätt, mee et si meng Medikamenter déi eng gewesse Wierkung hun di mir soll hëllefen, a wann ech se huelen, da sin ech mer hierer Wirkung ganz bewosst.
Am Allgemengen, kann ech soen, datt et de perséinlechen Austausch ass, einfach Informatiounen vun Mensch zu Mensch virun gin, déi mir esou gutt an desem Grupp gefalen. Flott ass och, datt emmer jidfereen d’Méiglechkeet huet, zu Wuert ze kommen a seng Meenung an Erfahrung ze soen.
Et géif mech freeën wa mer nach e puer nei Leit an eise Grupp kéinte kréien, dat géif den Austausch mi interessant machen…
« Du muss einfach entspanen,
da mierks de, datt et dengem Kierper och besser geet »
Marie Josée
Fir weider Informatiounen oder Umeldung an d’Gespréichs- oder Relaxatiounsgrupp, kënnt dir Iech un d’Maison du Diabète wennen.
Nouvelles
Il n'y a pas de nouvelles
Newsletter
Contact
Maison du Diabète
143, rue de Mühlenbach
L-2168 Luxembourg-Eich
Tel.: +352 48 53 61
Fax: +352 26 123 748
Heures d'ouverture :
Lundi, mercredi, vendredi
de 9 - 16 heures
(sauf congés scolaires)
