Osons bouger
All zweeten Donneschden ass eisen Dag,
da gatt sech gären op de Wee gemaach.
Fir den Trëppeltour mat der ALD,
gi mir all Kéier een anere Wee.
Interessantes kréie mir erzielt heiansdo,
an och kloer Äntwerten op sou munesch Fro.
Sou léiere mir eist d'Ländche kennen,
ouni wäit do mussen ze rennen.
Ass ee mol nit sou fit oder gutt drop,
zesumme schwätzen a laachen, allez hop,
mecht frou a fräi, a wéi et och heescht:
d'Bewegung ass gutt fir Kierper a Geescht.
Rücksëcht huelen gëtt hei och grouss geschriwwen,
mir gin a Rou an et gatt kee gedriwwen.
Et ass och ëmmer nees schéin ze gesinn,
dat mir mat der Krankheet nit eleng do stinn.
Déi zwou Stonnen Trëppelen gi ganz séier ëm,
fir eng kleng Rascht gesi mir eis beim Patt erëm.
Op kaal, op waarm, op Reen, op Sonn,
mir si gär derbäi an der Ronn.
Mir fréen eis schon op den nexten Tour,
da gatt an dat scheint Eisléck gefuer.
Laury an Marc Bauer 
Neuigkeiten
Newsletter
Contact
Maison du Diabète
143, rue de Mühlenbach
L-2168 Luxembourg-Eich
Tel.: +352 48 53 61
Fax: +352 26 123 748
Öffnungszeiten:
Montag, Mittwoch, Freitag
9 - 16 Uhr
(außer Schulferien)
